Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mënschlech Evolutioun: Medezin-Nobelpräis geet un de schweedeschen Evolutiounsfuerscher Svante Pääbo

Den Nobelpräis fir Medezin geet dëst Joer un de Svante Pääbo aus Schweden fir seng Erkenntnisser zur mënschlecher Evolutioun.

Dat huet d'Karolinska-Institut zu Stockholm e Méindeg am spéide Moie matgedeelt. De 67 Joer ale Wëssenschaftler ass op d'Evolutioun vum Mënsch spezialiséiert a fuerscht zu Leipzig, wou hien Direkter vum Max-Planck-Institut fir evolutionär Anthropologie ass. Hie gëllt als Grënner vun der Paläogenetik, also der Analys vun de Gene vu fossillen a prehistoreschen Iwwerreschter. De Pääbo war ënnert anerem deen éischte Fuerscher, deen de Genom vun engem Neandertaler sequenzéiert huet.

De Medezin-Nobelpräis ass mat ëmgerechent ronn 920.000 Euro dotéiert. Dës Woch ginn och déi aner Gewënner vun den Nobelpräisser annoncéiert, all Dag en aneren, mam Friddensnobelpräis e Freideg. D'Präisser ginn dann den 10. Dezember iwwerreecht.

RTL

© AFP