Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mëssbraucht mat 12: "Net ech hunn d'Famill zerstéiert, mä mäi Bop"

Als klengt Meedchen ass Si vun hirem Grousspapp mëssbraucht ginn. Am anonymmen Interview zielt Si hir Geschicht a wëll aneren Hoffnung maachen.

Dir hutt haut Enn 20 Joer. Wei geet et Iech?

Elo geet et mer nees besser. Ech hunn déi lescht Jore vill iwwert dat, wou geschitt ass, geschwat a hu mer spezifesch Hëllef geholl.

Dat Eenzegt, wat ech weess ass, datt Dir als jonkt Meedche vun Ärem Grousspapp mëssbraucht gouft. Kennt Dir eis Är Geschicht erzielen?

Mäi Grousspapp huet mech vu klengem un ënnerdréckt, mäi Brudder war säi Libling. Wéi ech 12 Joer hat, ass en awer op eemol ëmmer méi léif mat mer ginn. Ech hat eng Hautkrankheet an hu misse reegelméisseg agecrèmt ginn. Well meng Mamm geschafft huet, huet se mech bei de Bop geschéckt. An do huet et ugefaangen. Hien ass lues a lues ëmmer méi wäit gaangen. Bis e sech ausgedoen huet… mech ausgedoen huet…

Wéi ass et Iech domadder gaangen?

Komescherweis war et am Ufank iergendwéi fir mech ok, hien huet mer déi éischte Kéier d'Gefill ginn, mech ze acceptéieren, mech léif ze hunn…

En huet ëmmer gesot, et dierf keen et gewuer ginn, soss géif d'Famill zerstéiert ginn, hie wier jo awer e gudde Kärel. Schrëttweis ass et ëmmer zu méi komm, bis e mer d'Box ausgedoen huet. An och do huet e mech berouegt, ech maachen dat nëmme fir dech. Mir sinn zu zwee.

RTL

© Envato

Wéini ass Iech da bewosst ginn, datt dat net ok wier?

Wou ech déi éischte Kéier engem Mann méi no komm sinn, si mer déi ganz Biller nees eropkomm. Wei mäi Bop plakeg viru mer stoung, sech a mech ugepaakt huet. Vun do un huet et mer och vill méi ze schafe gemaach. Virdrun hunn ech dat ënnerdréckt. Dunn ass de Rescht vu menger Famill et zwee Joer méi spéit gewuer ginn. De Kontakt zu mengem Bop war bis dohi gutt, vun engem Dag op deen aneren ass awer alles ofgebrach ginn.

Wisou wollt Dir driwwer schwätzen?

Ech wëll, datt driwwer geschwat gëtt. Ech sinn deemools an der Schoul opgekläert ginn, wat e sexuellen Akt ass. Mä ech krut ni gesot, wou Schluss ass, wat d'Grenze sinn a wéi een Nee seet.

Et si vill méi Frae betraff wéi ee mengt, ech fannen et wichteg, datt ee seet 'mir ass dat geschitt'.

RTL

Hutt Dir juristesch Schrëtt ageleet?

Ech wollt bei d'Police goen, ma dat huet ee Joer gedauert bis ech eng Äntwert krut, fir kënne bei se ze goen. An dat huet mech dunn iergendwéi wansinneg iwwerfuerdert, ech war déi Zäit op der Uni. Ëmmer wann ech mat engem geschwat hunn, sinn ech nees an d'Vergaangenheet zréckgeheit ginn. An och den Affekot sot, datt ech nëmme meng Geschicht kann zielen a weider keng Beweiser do sinn. Och bei der Police sinn ech drop opmierksam gemaach ginn, ob ech dat wierklech wéilt. Et kéint um Enn sinn, datt d'Schold vum Täter net ka bewise ginn.

Wéi geet et Iech haut, Dir sidd elo Enn 20?

Mäi Bop ass viru kuerzem gestuerwen. Ech ka mech elo besser dovun distanzéieren.

Hie sot mir ëmmer, wann ech eppes soen, da géif ech d'Famill futti maachen. Haut weess ech, hien huet alles futti gemaach. Hien huet mech futti gemaach an ech sinn och en Deel vun der Famill. Ech hunn eppes fir mech gemaach, andeems ech mer Hëllef siche gaange sinn. Wann ech anere Betraffene kéint ee Rot ginn, dann esou séier wéi méiglech spezifesch Hëllef sichen ze goen.

Fir Kontakt mat der Redaktioun opzehuelen, mellt iech op [email protected]