Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Messerattack zu Annecy (F): Ermëttlunge wéinst Verdacht op versichte Mord lancéiert

Messerattack zu Annecy (F)

No der Messerattack vun engem Mann op 6 Mënschen zu Annecy stelle sech vill Froen. Notamment déi vum Motiv, dat elo an enger Enquête gekläert soll ginn.

D'Natioun steet ënner Schock... Dat huet de franséische President Emmanuel Macron op Twitter geschriwwen, nodeems e Mann 4 kleng Kanner an zwee Erwuessener op enger Spillplaz zu Annecy ugegraff huet. D'Verbrieche beweegt ganz Frankräich an och iwwer d'Grenzen eraus.

D'Ermëttlunge wéinst dem Verdacht op versichte Mord hunn ugefaangen. Onkloer ass, firwat de Mann dat gemaach huet. Den Täter, e syresche Flüchtling, deen zanter dem Hierscht d'lescht Joer an der franséischer Stad gelieft huet, soll e Freideg de Moien eng psychiatresch Analys maache mussen.

Hien hätt en Donneschdeg weder ënnert dem Afloss vun Alkohol, nach vun Drogen gestanen, heescht et vun der franséischer Police.

Déi 22 Méint bis 3 Joer jonk Kanner wieren nach ëmmer an engem kriteschen Zoustand, a ginn a Spideeler zu Grenoble an zu Genève behandelt.