Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mësserugrëff: Gréisser Policeinterventioun ëm d'Athusser an d'Waxweiler Strooss zu Péiteng

Wéi d'Police mellt, gouf eng Persoun zu Péiteng uerg mat engem Messer blesséiert. Den Täter huet sech duerch d'Bascht gemaach.

Am Policebulletin, dee kuerz no 11 Auer geschéckt gouf, ass ze liesen, dass géint 5.35 Auer en Persoun an der rue d'Athus gemellt gouf, déi Affer vun enger Messerattack ginn ass. Den Ugräifer ass geflücht, wouduerch d'Police eng groussraimeg ugeluechte Sichaktioun an d'Weeër geleet huet. Ënnert anerem gouf de Policehelikopter agesat, grad ewéi d'Hondsstaffel oder och nach en 3D-Scanner.  Och zu Diddeleng gouf et eng gréisser Policepresenz, mat méi Patrullen an och engem Helikopter.

D'Affer gouf mat schwéiere Blessuren an d'Spidol bruecht.

RTL

© Domingos Oliveira