Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Meteolux: Et gëtt nawell lëfteg an dat bis e Samschdeg de Moien um 9 Auer

Meteolux huet fir tëscht Freideg 14 Auer an e Samschdeg 9 Auer eng Alerte jaune erausginn, well mat Wandvitesse vu bis zu 75 km/h ze rechnen ass.

D'Meldung gëllt fir dat ganzt Land. Deemno heescht et am Stroosseverkéier oppassen, well sou ee Wandstouss ka gär och emol e Camion a sengem Fuerverhale beanträchtegen.

RTL

Vu Kachelmannwetter ass et och d'Meldung, dass am Nomëtteg eenzel Donnerwieder méiglech sinn, dat bei Temperaturen tëscht 9 an 12 Grad. Wärend de Wiedere sinn och Wandspëtzte bis 90 Stonnekilometer méiglech.

Wéi staark bléist de Wand?

RTL-Wiederfräsch

Déi wichtegst Zorte vun Nidderschléi fir déi nächst 3 Deeg

Quantitéit un Nidderschléi fir déi nächst 3 Deeg

HD Wiederradar - Déi lescht 3 Stonnen