Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mexiko: Buergermeeschter a 17 Mënschen komme bei Bandenugrëff ëm d'Liewen

Zu San Miguel Totolapan am Süde vum Land koume rezent 18 Mënschen ëm. Dat huet den zoustännege Parquet matgedeelt.

Matten am Dag gouf et eng Attack op d'Gemeng vum Duerf am Bundesstaat Guerrero. D'Regioun ass aktuell ganz staark vu Bandekriminalitéit betraff, mat där Mexiko schonn zanter Joren ze kämpfen huet.

D'Täter hunn ënner anerem de Buergermeeschter Corado Mendoza, deen der lénker Partei PRD ugehéiert, erschoss. De Mendoza ass de 94. Buergermeeschter, deen an de leschten 22 Joer a Mexiko ëmbruecht gouf. Ënnert de weider Affer soll de Papp vum Mendoza, de Policechef vu San Miguel Totolapan a weider Poliziste sinn.

Medien no wieren d'Ugräifer Membere vun der Band "Los Tequileros", déi u sech am westleche Bundesstaat Jalisco doheem sinn, awer enk mam Kartell "Jalisco Nueva Generacion" verbonne sinn.