Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mir hu beim Kannerdokter an der Santé nogefrot: Sënn an Zweck vum Gesondheetscarnet fir Kanner

Ee Carnet, wou alles dran ass. Zanter dem 1. Februar gëtt et nëmmen nach een, elo faarweg a net méi rosa a blo.

Wisou brauch een de Gesondheetscarnet?

Bei der Gebuert kritt all Kand ee Gesondheetscarnet. Dëse regroupéiert alles wat d'Gesondheet vum Kand vun der Gebuert u betrëfft.

De Carnet de Santé ass eng wesentlech Ënnerstëtzung am Kader vum reegelméissegen Dialog tëscht de Familljen an de Gesondheetsspezialisten, déi fir d'Preventioun an d'Betreiung vum Kand intervenéieren. D’Santé recommandéiert dësen ëmmer bei Consultatioune matzehuelen. Den Dialog mam Gesondheetsspezialist géif esou vereinfacht ginn an et erlaben eng séier Iwwersiicht iwwert de Gesondheetszoustand vum Kand ze schafen an e bessere Suivi ze garantéieren, esou de Ministère de la Santé op Nofro.

"D'Kannerdoktere fëllen de Carnet meeschtens automatesch aus. Wann d'Eltere bei Spezialiste ginn oder an d'Urgence, solle si awer och drun denken de Carnet ausfëllen ze loossen. Dann huet de Kannerdokter déi Informatioune beim nächste Besuch direkt", sou de President vun der Associatioun vun de Kannerdoktere Serge Allard.

Wat huet geännert?

De Gesondheetscarnet, deen e bei der Gebuert vum Kand kritt, war soss blo oder rosa, un d'Geschlecht vum Kand ugepasst. Vum 1. Februar un huet de Gesondheetscarnet fir Kanner en neien Design. E wäisst Buch mat gréngen a giele Motiver drop kritt elo all Kand bei der Gebuert, ganz onofhängeg vum Geschlecht.

Och de Contenue vum Carnet huet e bësse changéiert. Hei gi jo d'Entwécklung vum Kand a weider gesondheetlech Informatioune festgehalen. Besonnesch d'Kurve fir d'Evolutioun vum Gewiicht an der Gréisst festzehalen, hu geännert. Am ale Carnet waren nämlech nach Kurve vun ëm déi 1980 dran. Elo sinn se méi aktuell. Am neie Carnet ass zum Beispill Plaz fir den Zänndokter, wou dësen déi ënnerschiddlech Ënnersichunge festhale kann.

RTL

© Tom Zeimet

Firwat déi Upassunge bei de Kurven?

„Dës Wuesstumskurve sinn essentiel fir d'Kand ze iwwerwaachen, a fir ze bewäerten ob seng Evolutioun am Aklang ass mat deem wat fir säin Alter erwaart gëtt. D’Iwwerwaachung hëlleft e gesonde Wuesstem an Entwécklung ze confirméieren oder en Ernärungs- oder e Gesondheetsproblem z'identifizéieren“, esou steet et an der schrëftlecher Äntwert vum Gesondheetsministère.

Gekuckt gëtt d‘Gewiicht, d’Gréisst, de Kappëmfang an de BMI. D’Kurve sollen et erlabe fréizäiteg Wuesstemsstéierungen ze erkennen. Fält eppes op, muss ëmmer eng komplett klinesch Evaluatioun duerchgefouert ginn.

„Déi al Wuesstemskurve stamen aus dem Joer 1980. Zënterhier hunn d'Iessgewunnechten, d'Korpulenz a vill aner Parameter vun de Kanner geännert. Ausserdeem si wëssenschaftlech Etüden duerchgefouert ginn, déi op verschidden Ännerunge baséieren an och déi si berécksiichtegt gi beim Ausschaffe vun den neie Kurven (Schwäiz 2011). Et ass ënner anerem bewise ginn, dass déi al Wuesstumskurven net méi optimal ware fir de Wuesstem vun zäitgenëssesche Kanner ze iwwerwaachen. An dëser neier Versioun ass och d'BMI-Kurv agefouert ginn, déi virdrun an der aler Versioun vum Carnet de Santé net dra war.“

Carnet net verléieren, dat réit de Kannerdokter

Och wann et praktesch ass all gesondheetlech Informatiounen an engem Bichelchen ze hunn, gëtt et een Nodeel. "De Carnet gëtt sou dacks vertässelt. Zemools beim Plënneren ass e séier mol an enger Këscht verschwonnen. Dat kënnt zimmlech heefeg vir", esou den Dokter Serge Allard.

Op Nofro krute mer vun der Maternité vum CHL gesot et hätt een den neie Carnet nach net. Eng éischt Liwwerung erwaart ee Mëtt Februar. Vun do un dierften di rosa a blo Bichelcher der Vergaangenheet ugehéieren.