Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Missouri: 19 Joer al Duechter duerft net bei Hiriichtung vun hirem Papp dobäi sinn

An den USA gouf de 37 Joer ale Kevin Johnson higeriicht, dat an der Stad Bonne Terre am Bundesstaat Missouri.

Um 19.40 Auer en Dënschdeg gouf hien offiziell fir dout erkläert, nodeem hien eng déidlech Sprëtz kritt hat. Seng 19 Joer jong Duechter wollt déi lescht Momenter vun hirem Papp materliewen, huet dat awer net däerfen. Am Missouri ass et nämlech verbueden, datt Leit ënner 21 Joer bei enger Hiriichtung dobäi sinn. D'Corionsa Ramey, dem Kevin Johnson seng Duechter, hat eng speziell Demande beim Geriicht gestallt, dës gouf awer ofgeleent.

Den Johnson hat 2005 an der Stad St. Louis e Polizist ëmbruecht. Hannergrond vun der Dot war den Doud vum 12 Joer jonke Brudder vum Johnson, deen un engem Schlag gestuerwe war, zu där Zäit, wéi den deemools 19 Joer alen Afroamerikaner verhaft gouf, well hie géint seng Bewärungsoploe verstouss hatt. Den Johnson hat de Polizisten d'Schold um Doud vu sengem klenge Brudder ginn an huet dowéinst ee Beamten erschoss.

Den Johnson ass schonn de 17. Prisonéier, deen dëst Joer an den USA higeriicht gouf. Vill Bundesstaaten hale jo trotz massiver Kritik un der Doudesstrof fest.