© Police Lëtzebuerg
En Dënschdegnomëtteg géint 14.30 Auer koum et an der Grand-Rue zu Monnerech zu engem Accident mat Farerflucht.
En Autosfuerer war hei an den Auto virun him geknuppt, woubäi de Chauffer vun dësem nach op der Plaz soignéiert an zur Kontroll an d'Spidol bruecht gouf. De Verursaacher vum Accident ass mat sengem Auto geflücht, konnt awer spéider vun der Police u senger Adress ugetraff ginn.
Hei huet hie géint d'Beamte rebelléiert an och refuséiert, sech engem Alkoholtest ze ënnerzéien. Well et evident war, datt hien ze vill gedronk hat, krut hien e Fuerverbuet, wéi och eng Plainte.