Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

MotoGP: Grousse Präis vun Thailand: Bagnaia gëtt bei Oliveira-Victoire Drëtten a mécht WM nees richteg spannend

Den Titelverdeedeger an aktuelle WM-Leader Fabio Quartararo ass an Thailand nëmmen de 17. ginn an huet elo just nach eng Avance vun 2 Punkten am General.

De Reen huet beim Grousse Präis vun Thailand fir vill Chaos gesuergt. D'Course vun der MotoGP ass dann och mat zolittem Retard gestart ginn an et war fir d'Piloten um naasse Circuit alles anescht wéi einfach. Dee stäerkste Pilot war um Enn de Miguel Oliveira. No 15 vu 25 Ronnen huet hien den Jack Miller iwwerholl an ass du senger zweeter Victoire an dëser Saison entgéint gefuer. D'Course ëm déi weider Plazen um Podium war bis zum Schluss spannend. Den Jack Miller an de Francesco Bagnaia konnte sech zum Schluss freeën.

Fir de Fabio Quartararo war et een Dag fir ze vergiessen. Den Titelverdeedeger war direkt am Ufank vun der Course bal gefall a war no hannen duerchgereecht ginn. Hien ass just de 17. ginn. Hie bleift domadder fir déi zweete Kéier noeneen ouni Punkten.

Am WM-Klassement ass et elo nees richteg spannend. De Quartararo huet nëmmen nach eng Avance vun 2 Punkten op de Bagnaia.

Dräi Coursse bleiwen an dëser Saison nach ze fueren.

Wéinst dem Reen huet d'Moto2-Course fréizäiteg missen ofgebrach ginn. Déi chaotesch Course gouf um Enn vum Tony Arbolino gewonnen. Bei schwierege Verhältnisser um Chang International Circuit vu Buriram huet hie sech virum Filip Salac behaapt. Den Aron Canet huet de Podium komplettéiert. De Lokalmatador a Polesitter Somkiat Chantra gouf Affer vum Reen a konnt no enger Chute net méi weiderfueren.

Am General läit den Augusto Fernandez mat 238,5 Punkten un der Spëtzt. Zweeten ass den Ai Ogura mat 237 Punkten. Hien ass e Sonndeg net iwwert déi 6. Plaz erauskomm.

An der Moto3 huet den Dennis Foggia vu Leopard déi véiert Victoire an dëser Saison gefeiert. Domadder huet den Honda-Pilot weider Chancen op den Titel, well den Izan Guevara ass Fënnefte ginn an de Sergio Garcia ass net an d'Zil komm. Op de Podium sinn e Sonndeg nach den Ayumu Sasaki an de Riccardo Rossi gefuer.

Am General läit de Guevara mat 265 Punkten un der Spëtzt. De Foggia huet der 216 um Kont.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Miguel Oliveira
2 Jack Miller
3 Francesco Bagnaia

Moto2

1 Tony Arbolino Kalex
2 Filip Salac Kalex 0.251
3 Aron Canet Kalex 3.112

Moto3

1 Dennis Foggia Honda
2 Ayumu Sasaki Husqvarna 1.524
3 Riccardo Rossi Honda 2.804

De General

MotoGP

1 Fabio Quartararo 219
2 Francesco Bagnaia 217

Moto2

1 Augusto Fernandez 238.5
2 Ai Ogura 237
3 Aron Canet 185

Moto3

1 Izan Guevara 265
2 Dennis Foggia 216
3 Sergio Garcia 209