Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Myrights.lu: Eng Ulafplaz, wou all d'Biergerrechter regroupéiert sinn

Wat si meng Rechter a punkto Logement, Aarbecht, Asyl oder och Santé?

Et gëtt lo een Internet-Site, op deem bal 100 Ulafplaze praktesch opgelëscht sinn, wou een Hëllef fir all dës Froe fënnt. Dat speziellt um Site "myrights.lu" ass, datt en a fënnef Sprooche funktionéiert.

All d'Biergerrechter sinn domat also op enger Plaz beienee gruppéiert, dat fir eng 140 verschidde Sujeten.

De Site wëll sech biergerno als eng Zort Kompass am Dschungel vun den Ulaf-Plaze presentéieren. Koordinéiert gëtt dës nei Homepage vun der Benevollen-Organisatioun "ronnen Dësch". Ee vun hire Membere Serge Kollwelter erkläert, wat de Site net ass. De Site ass als en "thematescht Telefonsbuch" geduecht, et ass awer net de Relevé vun de Gesetzer a Reglementer.

De Site myrights.lu funktionéiert elo ewell ënner dëser Adress an ass e Projet vun den Initiativen "oppent Haus" an "ronnen Dësch" - subventionéiert vum Familljen-, Konsumenteschutz- a Justizministère.

Aner Partner sinn d'ULC an d'Affekote vum Jeune Barreau.