Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nach ëmmer Tabuthema: Suicide bei Jugendlechen: opmierksam sinn an opklären

Den offiziellen Zuelen no hu sech zanter 2017 11 Jonker tëscht 15 an 19 Joer d'Liewe geholl.

D’Suicidalitéit bei Jonken hëlt zou, Preventioun ass e grousse SujetZuel vu Jugendlechen, déi wéinst Suidice-Gedanken oder Versich an der Akutstruktur vum nationale Service vun der Jugendpsychiatrie um Kierchbierg opgeholl goufen, ass an de leschte Joren an d'Luucht gaangen. 2022 wieren et op d'mannst 100 Jonker gewiescht, schätzt d'Kanner- a Jugendpsychiaterin Dr Salima Aarab.

Am Hierscht, am Wanter an am Mee géifen et an der Reegel méi Fäll. Grad wéi ronderëm d'Prüfungszäit. Datt d'Problematik zouhëlt, hätt awer och mat der demografescher Entwécklung ze dinn.

75 Prozent vun de Jonken tëscht 10 an 19 Joer, déi sech zanter 1998 am Grand-Duché d'Liewe geholl hunn, ware männlech. D'Patienten, déi wéinst versichtem Suicide an der Jugendpsychiatrie behandelt géifen, wieren awer gréisstendeels weiblech, seet d'Dr Salima Aarab.

"Dat ass effektiv e bekannte Phenomen, datt an der Reegel Meedercher a Frae vill méi oft e Suicide-Versuch maachen an an de Klinicke sinn."

Dat kéint dorunner leien, datt Frae sech méi matdeelen, sou datt d'Suicide-Gefor éischter erkannt kéint ginn. Ëmsou méi eescht misst een de Problem bei de jonke Männer huelen, déi dacks och zu méi haarde Methode gräife géifen.

Preventioun ass och an de Schoulen en Thema

Am Lycee des Arts et Métiers goufe viru kuerzem Schüler als Secouriste fir mental Gesondheet ausgebilt. Bis 2025 sollen 10 Prozent vum Personal aus de Lycéeën esou eng Formatioun hunn a weider Schüler ausgebilt ginn. Nieft de Schoulpsychologe gëtt et an de Lycéeën zanter 2017 de Service socio-éducatif, den SSE, wou Educateuren dagdeeglech op informell Manéier mat de Schüler am Kontakt sinn, zum Beispill am Jugendtreff.

"Dat heescht och kleng Problematike kënne vum SSE an Ugrëff geholl ginn, sou datt vläicht de Knuet, dee sech kéint laangfristeg beim Jonken entwéckelen, guer net zustane kënnt", erkläert Dr Jean-Marc Wagner vum CEPAS, dem Centre psycho-social et d'accompagnement scolaire.

A jidder Lycée gouf eng sougenannt "Equipe de Postvention" opgesat, fir d'Schüler no engem Suicide ze encadréieren an de Risk vum sougentnannten "Nachahmungseffekt" ze minimiséieren.

E weidere wichtege Punkt wier, iwwer d'Duerstellung vum Suicide an de soziale Medien ze schwätzen, betount d'Jugendpsychiaterin. Och fir d'Eltere kéint esou e Coaching sënnvoll sinn.

Unzeeche,n déi ee sollt Eescht huelen

D'Ursaache fir Suicidalitéit si villfälteg. D'Sozialisatioun mat Gläichaltregen, seng Plaz am Grupp fannen ass mam Risk vun der Zréckweisung verbonnen. Awer och Problemer an der Famill, an der Schoul, Leeschtungsdrock a Mobbing kënnen eng Roll spillen, grad wéi Depressiounen oder aner Stéierungen.

Ännere Jonker hiert Verhalen op emol, fänke se un, sech ze isoléieren, sech am Handy ze verléieren, beispillsweis op Websäite mat düsterem Contenu, da sollt ee reagéieren, réit d'Kanner- a Jugendpsychiater Dr Salima Aarab.

Probéieren e wäertschätzenden Dialog mam Jugendlechen opzehuelen. Sech net ze séier ofwimmele loossen, mee dru bleiwen. Eendeiteg Aussoen, iwwer de Wonsch ze stierwen oder Internetrecherchen zum Sujet, sollt een als Warnsignal eescht huelen an den Dokter kontaktéieren.

Wann Dir Hëllef braucht: www.prevention-suicide.lu