Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Däitschland verpasst Gruppevictoire, England steigt an d'Liga B of

Däitschland huet sech no enger schwaacher Leeschtung misse mat 0:1 géint Ungarn geschloe ginn. Italien huet dogéint England mat 1:0 geklappt.

E Freideg den Owend war et d'Suite vun de Matcher an der Futtball-Nations-League. De Ball ass an der Liga A, der Liga B, der Liga C an der Liga D gerullt.

En Donneschdeg den Owend hat . D'Rout Léiwe waren dräi Mol an der Partie vir, dräi Minutte viru Schluss konnten d'Tierken eng leschte Kéier ausgläichen.

Liga A: Grupp 3

Däitschland huet sech am zweetleschte Match vun dëser Nations-League-Campagne misse mat 0:1 géint Ungarn geschloe ginn. Domadder huet ee keng Chance méi op déi éischt Plaz an der Tabell vum Grupp 3 an der Liga A. Et war iwwerdeems och déi éischt Néierlag ënnert dem Bundestrainer Hansi Flick.

No 45 Minutte louch Ungarn verdéngt mat 1:0 a Féierung. Vun der däitscher Nationalekipp ass einfach ze wéineg komm. Nëmmen eng Golchance (Müller, 39') konnt sech d'Ekipp vum Flick erausspillen. D'Gäscht hunn dogéint kompakt verteidegt a konnten duerch e schéine Gol vum Szalai an der 17. Minutt verdéngt a Féierung goen.

No der Paus ass Däitschland besser ginn an ass e puer Mol geféierlech virun den ungaresche Gol komm. Ma och op Säite vun Ungarn gouf et weider Chancen. Um Enn ass et beim 1:0 fir Ungarn bliwwen.

Duerch e Gol vum Raspadori an der 68. Minutt huet sech Italien mat 1:0 géint England duerchgesat. Domadder hunn d'Italieener weiderhin d'Chance op déi éischt Plaz an der Tabell. Fir England leeft et dogéint weider guer net gutt. No der drëtter Néierlag a fënnef Matcher steigt een of an d'Liga B.

Virum leschte Spilldag steet Ungarn un der Spëtzt vun der Tabell mat 10 Punkten. Italien huet 8 Punkten, Däitschland der 6 an England kënnt nëmmen op 2 Punkten. Um leschte Spilldag fält dann am Match tëscht Ungarn an Italien d'Decisioun ëm d'Victoire am Grupp 3 vun der Liga A.

Liga B: Grupp 3

Liga C: Grupp 4


1:0 Antov (23'), 1:1 Chipolina (26'), 2:1 Despodov (36'), 3:1 Kirilov (52'), 4:1 Stefanov (55'), 5:1 Petkov (81')

Liga D: Grupp 2

All d'Resultater an d'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Tabellen ze kommen.