Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Lëtzebuerg séchert sech Victoire duerch spéide Gol vum Gerson Rodrigues

Domat séchere sech d'Rout Léiwen déi zweete Plaz an hirer Grupp hannert der Tierkei a si gläichzäiteg och déi bescht Zweetplacéiert an der Liga C.

De Gerson Rodrigues huet den eenzege Gol vum Match an der 89. Minutt geschoss. Sollt ee vun de Gruppenéischten aus der Liga C sech op direktem Wee fir d'EM qualifizéieren, géing Lëtzebuerg an de Playoff norutschen. D'Rout Léiwe schéissen dës Campagne mat 11 Punkten of, dat no 3 Victoiren, 2 Remisen an enger Néierlag.

D'Goler vun allen aner Matcher aus der Nations League fannt Dir hei.

De Resumé vum Match

Déi éischt 20 Minutte vum Match ware relativ onspektakulär. Villes huet sech am Mëttelfeld ofgespillt an d'Rout Léiwen hate vill mat Feelpassen ze kämpfen. No an no sinn d'Lëtzebuerger dunn awer besser ginn a koumen och zu hiren éischte Golchancen.

Eng éischt richteg gutt Chance gouf et dunn an der 29. Minutt, wéi fir d'éischt en Defenseur dem Danel Sinani säi Schoss op der Linn gekläert huet, ier de Gerson Rodrigues aus kuerzer Distanz just de Potto getraff huet.

An der Suite war Lëtzebuerg weiderhi liicht besser, nawell goufen d'Säite beim Stand vun 0:0 gewiesselt.

Och an der zweeter Hallschent hunn d'Rout Léiwen den Toun uginn an an der 61. Minutt hat de Gerson Rodrigues dunn och de Ball an de géigneresche Gol geschoss, wéinst enger Abseitspositioun huet dësen awer net gezielt.

Dono hu si sech ganz schwéier gedoen an et huet bis déi 89. Minutt, bis et Entlaaschtung gouf fir d'Lëtzebuerger. Do huet de Gerson Rodrigues nämlech op en Neits markéiert an déi Kéier huet de Gol och gezielt. De 14. Gol am Trikot vun de Roude Léiwe fir de Gerson Rodrigues, deen domat de Rekord vum Aurélien Joachim egaléiert.

Bei dësem Stand ass et dunn och bliwwen, esou datt Lëtzebuerg sech mat 1:0 géint Litauen duerchsetze kann.

All d'Resultater an d'Statistike vun de Matcher