Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Neie Rekord fir d'FLF-Selektioun

Nodeems et e Sonndeg an der Nations-League-Campagne zu enger 1:0-Victoire komm ass, kann ee soen, datt d'Rout Léiwen eng gutt Kompetitioun gespillt hunn.

Historesch 11 Punkten, de Rekord vum beschte Goalgetter egaléiert an d'Méiglechkeet, nach an d'Playoffs vun der Nations League ze kommen, dat kann een no der staarker Campagne vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an där Kompetitioun zeréckbehalen.

Neie Rekord fir d'FLF-Selektioun

Bis elo stoung de Rekord bei 10 Punkten. An der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 1996 hat d'FLF-Formatioun dat mam deemolegen Nationaltrainer Paul Philipp gepackt, duerno konnt de Luc Holtz dat schonn zweemol an der Nations League egaléieren. Zënter e Sonndeg huet den aktuellen FLF-Coach de Rekord ganz eleng fir sech mat deenen 11 Punkten, déi d'Léiwen ergattere konnten:

"Jo fir d'Statistik ass et natierlech déi eng Saach, ech kucken awer d'Performance un éischter Stell, an dann natierlech d'Resultat. Sou lo musse mer kucken op déi zweete Positioun eis effektiv eppes bréngt, fir an de Barrage ze goe fir d'Europameeschterschaft. Ma mir hunn elo emol déi 10 Punkten do geknackt."

Effektiv huet d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp nach d'Méiglechkeet als beschte Gruppenzweeten an d'Playoffs vun der Divisioun C nozerutschen an dat am Fall wou ee vun de Gruppenéischten Tierkei, Griicheland, Georgien oder Kasachstan iwwert déi normal Europameeschterschaftsqualifikatioun en Ticket fir d'EM an zwee Joer an Däitschland géif sécheren. An deene sechs Matcher vun dëser Nations-League-Campagne hunn d'Rout Léiwen dräi Matcher gewonnen, zwee gläichgespillt a just ee verluer. E Sonndeg géint Litauen war de Gerson Rodrigues mam eenzege Gol de Mann vum Match. Domat huet de 27 Joer ale Stiermer net nëmme säi 14. Gol am Dress vun der FLF geschoss, ma beim Rekord vum Aurélien Joachim géint A-Nationalekippe gläich gezunn:

"Jo ganz zefridden. Ech wollt der zwee maachen, fir der 15 geschoss zu hunn, mä bon."

E Sonndeg ass also eng staark Campagne fir d'FLF-Formatioun op en Enn gaangen. An zwou Wochen, sonndes den 9. Oktober, ass dann zu Frankfurt schonn d'Auslousung vun der Europameeschterschaftsqualifikatioun. An och an där Campagne gëtt et interessant, déi weider Entwécklung vun de Roude Léiwen ze gesinn.