Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Rout Léiwen an Tierkei spillen 3:3, Yüksek verhënnert Lëtzebuerger Victoire

En Donneschdeg den Owend hu sech d'Rout Léiwen no enger staarker Leeschtung mat engem 3:3-Remis an der Tierkei missen zefridde ginn.

D'Lëtzebuerger Nationalekipp konnt sech um 5. Spilldag vun der Nations League an der Liga C e Remis géint den Tabelleleader Tierkei sécheren. D'Rout Léiwen hu sech um Enn misse mat engem 3:3 zefridde ginn, nodeems si 3 Mol vir waren. Marvin Martins, Danel Sinani a Gerson Rodrigues hunn d'Goler fir Lëtzebuerg markéiert. E wonnerschéine Schoss vum Yüksek an der 87. Minutt huet d'Lëtzebuerger Victoire verhënnert.

De Resumé vum Match

D'Ufanksphas vum Match war immens hektesch, dat virop, well béid Ekippen héich Defense gespillt hunn a probéiert hunn, de Géigner fréi ënner Drock ze setzen. No enger éischter Drockphas vun der Tierkei konnt Lëtzebuerg an der 8. Minutt e bëssen iwwerraschend a Féierung goen duerch den 3. Nationalekipp-Gol vum Marvin Martins.

Laang huet et awer net gedauert, bis d'Tierken, zeréck an de Match fonnt hunn. No engem Foul vum Maxime Chanot gouf et Eelefmeter fir d'Haushären an den Ünder konnt dësen an der 16. Minutt och erasetzen.

An der Suite huet de Match sech e bësse berouegt. D'Tierken hu probéiert, de Match ënner hir Kontroll ze kréien, ma och d'Lëtzebuerger hu gutt matgespillt an hat och offensiv déi eng oder aner gutt Aktioun.

Kuerz virum Säitewiessel konnt Lëtzebuerg dunn och eng weider Kéier markéieren. Den Yvandro Borges huet am Mëttelfeld de Ball recuperéiert, huet en no vir gedriwwen an am richtege Moment opgeluecht fir den Danel Sinani, deen den 2:1 fir Lëtzebuerg markéiere konnt.

Ma och déi Kéier war den Avantage net vu laanger Dauer, an der 39. Minutt huet de Maxime Chanot de Ball nämlech no enger Flank onglécklech an den eegene Gol deviéiert. Mam 2:2 goufen dann och d'Säite gewiesselt.

Eng gréisstendeels ausgeglachen éischt Hallschent mat villäicht liichte Virdeeler fir d'Haushären.

An der zweeter Hallschent goung et e bësse méi roueg nees weider. D'Tierkei hat méi Ballbesëtz, awer keng richteg Golchancen. D'Lëtzebuerger hu weiderhi probéiert, den Tierke mat vereenzelten Offensivaktioune wéizedoen.

No an no koumen d'Tierken awer zu ëmmer bessere Chancen an dat direkt zweemol per Kapp: eemol konnt den Anthony Moris mat enger flotter Parad de Géigegol verhënneren, déi aner Kéier huet den agewiesselte Lars Gerson de Ball vun der Linn gekraazt.

Ma d'Lëtzebuerger hunn hir Effektivitéit virum Gol och mat an déi zweet Hallschent geholl. Mat der éischter Offensivaktioun an den zweete 45 Minutten ass Lëtzebuerg nämlech op en Neits a Féierung gaangen. An der 69. Minutt war et de Gerson Rodrigues, deen op 3:2 stelle konnt.

An der Schlussphas huet d'Tierkei natierlech alles no vir geheit, fir nach eemol auszegläichen oder esouguer nach de Match ze gewannen. An der 87. Minutt huet den agewiesselte Yüksek mat engem herrlechen Distanzschoss den 3:3 markéiert. Dat war dann och gläichzäiteg d'Schlussresultat.

All d'Resultater an d'Statistike vun de Matcher