Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nei Petitiounen: Umellen op engem Camping, Fëmmverbuet, méi Waasserstoff-Tankstellen,...

National - Nei Petitiounen

12 nei Petitioune sinn um Site vun der Chamber online, déi bis den 28. Oktober op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte brauchen, fir dass et zu engem Debat kënnt.

D’Fuerderungen ginn nees vu-bis. Eng Petitioun fuerdert z.B. en allgemengt Fëmmverbuet an der Ëffentlechkeet.

En Upasse vun der Steiertabell un d’Inflatioun gëtt an enger anerer gefuerdert.

D'Lande- a Start-Fraise vu Privat-Fligeren um Findel sollen, bis op e puer Ausnamen, extrem deier ginn, fir domat Klimagas-Emissiounen ze spueren.

Ee Petitionär fuerdert dann, dass ee sech op engem Camping soll kënnen umellen dierfen.

Iwwersiicht vun den neie Petitiounen

  • Demande de pétition publique 2426 - Supprimer les tranches d'imposition de 8 % et 9 % en augmentant l'abattement fiscal de 0 % de 11 265 EUR actuels à 15 009 EUR lorsque la tranche d'imposition de 10 % est déclenchée
  • Demande de pétition publique 2431 - Wasserstoff Tankstellen Netz a Lëtzebuerg ufänken fir de Leit eng Propper alternativ zur Elektromobilitéit ze bidden
  • Demande de pétition publique 2433 - Lorsque les dépenses défalquables, aux impôts, sont plus grandes que les impôts prélevés, permettre le report de perte pour les particuliers au niveau des impôts, comme pour les commerçants.
  • Demande de pétition publique 2435 - #BanPrivateJets Start- a Landefraisen vu Privatjeten zu Lëtzebuerg enorm erhéijen / - / #BanPrivateJets Make takeoff and landing fees of private jets in Luxembourg extremely expensive
  • Demande de pétition publique 2436 - Faisons du permis B100 un permis européen
  • Demande de pétition publique 2437 - Allgemengt Fëmmverbuet an der Öffentlechkeet
  • Demande de pétition publique 2438 - Fir déi jäerlech Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun
  • Demande de pétition publique 2443 - Erlaubnis mit einem D-Führerschein einen Camper über 3,5 Tonnen zu fahren
  • Demande de pétition publique 2444 - Panneauen/héijen Drot vun max 4 Meter op den Stroossen, Autobunnen, etc. ouni Lächer dotëschent. Fir d'Emkommen vun den Déieren ze verhënneren.
  • Demande de pétition publique 2448 - Camping Adresse, jeder der auf dem Camping wohnt sollte sich auch auf dieser Adresse anmelden dürfen.
  • Demande de pétition publique 2452 - Verdoppelung der Steuer auf Zigaretten, E-Zigaretten und Tabakwaren
  • Demande de pétition publique 2453 - Subvention fürs Nachrüsten eines Akkus bei Betreiben einer Photovoltaik-Anlage mit Überschusseinspeisung

Ënnerschreiwe kann een op petitiounen.lu.