Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Neie Fliger Air Rescue: D'Luxembourg Air Rescue huet hiren neien Ambulanzfliger presentéiert

RTL

© Didier Weber

E Bombardier Challenger 605. Déi nei Maschinn wier néideg ginn, well sech de Profil vun den Asätz geännert hätt. D'Membere géifen ëmmer méi wäit reesen.

An et wier och net ëmmer evident, eng Erlabnis ze kréien, fir tëschenzelanden an ze tanken. Den neie Fliger huet op Laangstrecken eng Autonomie vu bal 8.000 Kilometer. A well méi Equipage Plaz hätt, kéint a Schichte geflu ginn. Bis zu 18 Stonnen um Stéck.

Ma och de Patient hätt méi Komfort. Zwee kéinten der matgeholl ginn. An eng Intensiv-Behandlung kréien.

D'Maschinn wier eng Occasioun. Käschtepunkt 15 Milliounen Euro. Plus eng Millioun fir dat medezinescht Ekipement.