Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Neie medezineschen Direkter am Nordspidol: Gesondheetsversuergung am Norden oprechterhalen a verbesseren

No der Annonce vum neien IRM zu Wolz huet d'Nordspidol zu Ettelbréck am CAPe op den Neijoerschpatt invitéiert.

De Psychiater Dr Jean-Marc Cloos war bis ewell ee vun den zwee medezineschen Direkteren an den Hôpitaux Robert Schuman. Zanter Mëtt Januar ass hien neien Directeur médical am Centre Hospitalier du Nord a steet an Zäite vun akutem Dokteschmanktem viru groussen Erausfuerderungen.

"Ech si Projet-orientéiert an hei ass nach ganz vill ze maachen a Punkto Oprechterhalen a Verbessere vun der Gesondheetsversuergung vum Norden. A vu datt ech an dem Domaine Management Qualitéiten hunn, huet mech de Posten interesséiert."

Zejoert war d'Ettelbrécker Maternité aacht Woche laang zou, well et un Neonatologe gefeelt huet. Leschten Hierscht hunn d'Kardiologen aus dem Nordspidol beieneen demissionéiert, fir sech just nach op d'Aarbecht am Cabinet ze konzentréieren.

D'Rekrutementer vun neie Kardiologe géifen nach lafen, seet den Dr Cloos. D'Kontinuitéit vun de Soinen an der Kardiologie wiere garantéiert. Mat der fréierer Ekipp vun Häerzdoktere sinn Entrevuë geplangt, fir iwwer Verbesserungsméiglechkeeten ze diskutéieren, déi hir Decisioun d'Nordspidol ze verloosse kéinte réckgängeg maachen.

Spidolsmedezin méi attraktiv maachen

Grondsätzlech geet et drëm, d'Spideeler nees méi attraktiv ze maachen. Datt d'Garden neierdéngs bezuelt ginn, gesäit de medezineschen Direkter als eng vu ville Pisten. Eng weider wier d'Promotioun vum ländleche Raum., wéi mam Projet IRM zu Wolz.

"Hei uewe kann een extrem gutt am Reseau schaffen. Sief dat mat Generalisten, mat Altersheemer oder mat aneren extrahospitaliere Strukturen."

D'Natur an déi méi niddreg Logementspräisser wiere fir verschidde Confrèrë weider Argumenter fir d'Nordspidol, genee wéi déi pluridisziplinär Aarbecht.

Zwou Wochen ass den neie medezineschen Direkter elo op sengem Posten an huet sech déi verschidden Institutiounen a Servicer ugekuckt. Déi nächst Deeg sinn éischt Gespréicher mat Confrèren aus de Spezialisatioune geplangt. Hie wier frou, do ze sinn a géif hoffen, eppes ze erreechen, esou den Dr Cloos.