Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Neit Agrargesetz: D’Bauere "meuteren", de Minister freet Meeting

National - Neit Agrargesetz

E roude Stiwwel, deen op der Kopp hänkt... mat deem Symbol protestéieren d'Jongbaueren, d'Bauerejugend an d'Jongwënzer géint déi aktuell Agrarpolitik.

D'Landjugend huet d’Flemm, allerdéngs eng, déi si net flemmseg mecht, mee e gudde Krack rebellesch gi léisst. Ee gréngt Kräiz, well si sech als naturno gesinn an drop geneelt, e roude Stiwwel, dee symbolesch –  sou fanne mir – hinnen e Fouss hannebäi gëtt - rout, well et, sou hiert Gefill, den eegene Minister ass, dee si verréit - e puer Honnert goufen der an der Nuecht op e Freideg opgeriicht. Si géifen ignoréiert a wiere mat der Arroganz vun der Politik konfrontéiert, sou de Vertrieder vun de Jongbaueren an der der Landjugend.

D’Betriber stierwen, wann et esou weidergeet; an fir dësen Doud steet dat neit Agrargesetz, seet de Luc Emering. Annerhalleft Joer laang hätte si versicht, konstruktiv mat ze schaffen – um Enn hätt ee si ignoréiert.

De Minister war zwar um Freideg net am Land, mee schéngt si seriö geholl ze hunn. Fir e Mëttwoch kruten d’Vertrieder vum Secteur eng Reunioun d’Urgence proposéiert. Sinn dem Claude Haagen d’Existenzängscht vun de Baueren also net egal. Oder dach? D’Fuerderungen sinn op alle Fall kloer: Ee Sommet elo, iert dat neit Agrargesetz gestëmmt ass. Fir d’Jongbaueren e «No go»: en op 150 limitéierte Véibestand a Strofen, wann ee sech net un deen hält.

Wann hir Propose nach emol ignoréiert géifen, géing et rabbelen, sou de Message vum Chef vun de Jongbaueren, Jongwënzer a Landjugend. Dann hätt kee méi Loscht op de Poste vum Agrarminister.

E Mëttwoch gesi si also hire politesche Papp. Begeeschterung am Virfeld? Kaum: D’Äntwert ginn d’Kräizer mat de geneelte Stiwwelen.