Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Neit Agrargesetz: Staatsrot formuléiert 20 formell Oppositiounen

De Staatsrot huet e Mëttwoch säin Avis zum neien Agrargesetz publizéiert.

Mat deem Gesetz soll de finanzielle Kader fir déi europäesch Agrarpolitik fir d'Joren 2023 bis 2027 festgeluecht ginn. Allerdéngs huet déi héich Kierperschaft ganzer 20 formell Oppositiounen ausgeschwat. Wiere mir an der Schoul, wier dat wuel eng Datz ginn. De Staatsrot huet den Text, deen de Minister fir Agrikultur Claude Haagen am Summer zejoert an der Chamber deposéiert hat, ënnert d'Lupp geholl an eng ganz Partie Passagë fonnt, déi net mat der Verfassung oder mat de Reegele vum europäesche Recht konform sinn.

Ënner anerem gesäit den europäeschen Text ganz banal vir, dass ee bis maximal 40 Joer an d'Kategorie vum jonke Bauer fält. Am Lëtzebuerger Text ass dogéint och e Mindestalter vun 23 Joer virgesinn, wat deemno méi restriktiv ass, wéi déi europäesch Reegelen.

An enger Rei Fäll, ass den Text dann erëm net präzis genuch. Wéi zum Beispill bei finanziellen Hëllefen, déi op Basis vun der Gréisst vum Terrain vum Betrib gerechent ginn. Fir wéi vill Hektar een dës Hëllefe maximal ka kréien, soll limitéiert sinn. De Gesetzestext seet awer net op wéi vill Hektar oder no wéi enge Critèren dee Maximum festgeluecht gëtt.

D'selwecht bei den Hëllefen fir Baueren, déi sech engagéieren nohalteg an ëmweltfrëndlech ze schaffen. Hei feelen am Text Critèren, déi dofir mussen erfëllt ginn an no deenen de Montant vun den Hëllefen definéiert gëtt. Dat géif dem Minister ze vill Spillraum loossen, esou de Staatsrot.

Hält ee sech net un d'Reegelen, déi am Text definéiert sinn, kann een dann deels och bestrooft ginn. Allerdéngs ass néierens festgeluecht, dass ee géint esou eng Decisioun kann a Recours goen. Eng Viraussetzung, déi vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter etabléiert gouf.

Ganz zum Schluss vum Avis, gëtt et dann och nach e klengen Nohëllef-Cours am Gesetz-Schreiwen. Zum Beispill wier et wichteg, dass wann een op aner Gesetzer verweist, een dat dach och präzis a korrekt misst maachen.