Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Net genuch Educateuren: Eng Rei Kanner kënnen net a Stater Foyer scolaire betreit ginn

28 Educateursposten, verdeelt op déi 31 Schoulfoyeren um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg, sinn den Ament net besat.

An der Gemeng Lëtzebuerg ginn et aktuell net genuch Educateuren. Aus deem Grond kënnen eng Rei Kanner an der Stad net an engem Foyer scolaire betreit ginn.

Konkret stoungen, op den 1. September 2022 gekuckt, eng 750 Jonker op der Waardelëscht fir eng Betreiungsplaz ze kréien, dorënner 108 Kanner, déi keng Alternativ hunn anerwäerts versuergt ze ginn.

Mëttlerweil goufen awer nach Leit rekrutéiert a bei verschiddene Famillen hu sech d’Prioritéite betreffend de Foyer scolaire geännert, sou dass elo Enn September just nach 63 Kanner op eng Betreiungsplaz waarden.

28 Educateursposten, verdeelt op déi 31 Schoulfoyeren um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg, sinn den Ament net besat. Wier dat net de Fall, kéinten 300 Kanner méi an de Foyere betreit ginn, well u Strukture feelt et an der Stad net.

Anescht wéi an anere Stied. Op RTL Nofro hin hunn déi Responsabel vun de Gemengen Esch an Déifferdeng zum Beispill gesot, dass si sech bis ewell éischter ëm e Manktem u Raimlechkeete misste suergen, wéi ëm d’Personal. Woubäi och si zouginn, dass et ëmmer méi schwéier gëtt Educateure fir Maisons Relaisen ze rekrutéieren, mam Wëssen dass pro Struktur d’Unzuel un onqualifizéiertem Personal limitéiert ass.

Déi Lénk aus der Stad werfen d’Fro op, firwat et u qualifizéierten Educateuren an hirer Gemeng feelt? Ob d’Stad vläicht net attraktiv genuch wier oder d’Konkurrenz vu konventionéierte Betreiungsstrukture géif zouhuelen?

D’Stater Schoulschäffe Colette Mart erkläert, dass vill Educateuren, déi géife bei hinne kënnegen, eng Plaz an hirer eegener Gemeng ugebuede kritt hätten. An et wier natierlech méi komfortabel dann do ze schaffen an esou laang Trajeten an d’Sich no enger Parkplaz an der Stad z’evitéieren.

Et wéilt een als Stater Gemeng awer och méi proaktiv ginn an op Schoulen duergoen, déi zum Beispill en DAP "Education" ubidden. Et wéilt een de Lycéesschüler a Studente vermëttelen, dass een och géif Stagen an de Foyers-scolairen ubidden. Doduerch géif een u Personal gewannen an et kéint een déi Leit och ausbilden an hinne Loscht maachen, spéiderhin an enger Stater Struktur fir d’Betreiung vu Kanner ze schaffen.