Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Neuerburg an der Äifel: Gréissert Feier an der Nuecht op e Samschdeg - Eng Persoun gestuerwen

Géint 4.15 Auer gouf d'Police vu Bitburg iwwert e Brand zu Neuerburg net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz ewech informéiert.

E Gebai an der Poststrooss stoung a Flamen, esou datt d'Awunner vum Haus ma och déi vun den Niewegebaier, am ganzen eng 20 Persounen, hu missten evakuéiert ginn.

D'Läschaarbechten hu bis an de Samschdeg Moien era gedauert. Eréischt dono konnten d'Rettungsekippe feststellen, datt eng Persoun dësen trageschen Tëschefall net iwwerlieft huet.

Duerch de séieren Asaz vun de Pompjeeë konnt dann och verhënnert ginn, datt d'Feier op d'Nopeschhaiser iwwergegraff huet. Eent vun den Nopeschhaiser ass de fréieren Hotel "Stadt Neuerburg" andeem aktuell Flüchtlingen aus der Ukrain ënnerbruecht sinn.

Wat d'Feier ausgeléist huet a wéi héich de Schued ass, kann nach net gesot ginn.