Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

NFL: Philadelphia Eagles géint Kansas City Chiefs am Super Bowl

D'Eagles hu géint d'49ers gewonnen an d'Chiefs an engem ganz spannende Match géint d'Bengals.

An der NFL, der us-amerikanescher American Football Liga, steet de Super Bowl an deen heescht an der Nuecht vum 12. op den 13. Februar: Philadelphia Eagles géint Kansas City Chiefs.

D’Eagles hu sech an der Finall vun der NFC 31 op 7 géint d’San Francisco 49ers duerchgesat.

Duerno huet Kansas City sech am sougenannten Conference Championship vun der AFC, mat 23 op 20 géint d’Cincinatti Bengals behaapt.

De Super Bowl ass dëst Joer zu Glendale an Arizona a gëllt jo als dat gréissten eenzelt Sport-Event op der Welt.

RTL