Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

NFL Week 12: Jaguars a Raiders iwwerrasche Ravens a Seahawks

Mat nach just 7 Spilldeeg virun de Playoffs geet esou lues d'Ziddere bei ville NFL-Ekippen un.

Traditionell gëtt an den USA op Thanks Giving gespillt. En Duell vun den éiwege Gigante stoung dann och um Programm, andeem d'Cowboys doheem d'Giants empfaangen hunn. Béid Ekippe konnte mat hiren éischte Ballbesëtzer net vill ufänken an esou ass den Giants e Fieldgoal duergaangen, fir nom éischte Véierel a Féierung ze sinn. D'Cowboys konnten awer am Ufank vum zweete Véierel mat engem Touchdown äntweren, sinn awer mat engem Réckstand vun 7:13 an d'Paus gaangen. Nom Téi huet d'Heemekipp de Match du gedréint mat 14 Punkten, ouni eng Äntwert vun den Giants. De 7:7 am leschte Véierel, mam Touchdown vun den Giants kuerz viru Schluss, ass fir si awer net méi duergaangen, fir hei nach eng Victoire matzehuelen.

Et war en Hin an Hier tëscht de Ravens an den Jaguars, wou och e puer Sekonne viru Schluss nach net kloer war, wien de Match géif gewannen. D'Ravens ware besser an de Match komm, hunn awer an der éischter Hallschent just dräi Fieldgoals hikritt a waren dowéinst och an der Paus 9:10 hannen. Am drëtte Véierel konnte si sech dunn nees eng knapp 12:10-Féierung erausspillen an dës am Ufank vum drëtte Véierel nach op 19:10 erhéijen. Ma d'Jaguars si bäi bliwwen an hunn selwer en Touchdown markéiert, fir op 19:17 ze verkierzen. Dono hätten d'Ravens alles am Grëff gehat, fir mat nach knapp 6 Minutten op der Auer de Match z'entscheeden. Ma direkt an hirem éischten Drive hu si gefumbelt an der Heemekipp de Ball an enger gudder Positioun zeréckginn. Jacksonville huet profitéiert an duerch e Fieldgoal nees d'Féierung iwwerholl. Baltimore war dunn also gefuerdert an no enge kuerzen Drive hu si si nees a Féierung gaangen: 27:20. Ma dat sollt et nach ëmmer net gewiescht sinn, well d'Jax koumen nach emol zeréck an hu 14 Sekonne viru Schluss en Touchdown markéiert. Si wollten awer d'Verlängerung evitéieren a si fir zwee Punkte gaangen, wat hinnen och gelongen ass. Mat nach 14 Sekonnen hunn d'Ravens du probéiert, fir hire Kicker Justin Tucker, ee vun de Beschten an der NFL, a Positioun ze bréngen, ma déi 67 Yards waren der dann awer e puer ze vill, well den Tucker de Ball ganz liicht ze kuerz geschoss huet an d'Jaguars doduerch eng knapp awer verdéngte Victoire feiere konnten.

Fir d'Raiders huet de Match esou schlecht, wéi et just geet, ugefaangen. 1. Pass ofgefaangen, de Seahawks de Ball ginn an no e puer Sekonnen déi éischten Touchdown kasséiert. Mam zweete Ballbesëtz hu si et du besser gemaach a selwer 7 Punkten op d'Tafel bruecht. Um Enn vun den éischte 15 Minutte stounge et dunn 10:7 fir d'Seahawks. Ma et war den zweete Véierel, deen d'Raiders an den Avantage bruecht huet, well si hei 17 Punkte konnte maachen a Seattle der "just" 10. Esou goung et mat engem 24:20 fir d'Gäscht an d'Paus. Dono goung et weider ginn an hier: D'Seahawks ginn a Féierung, d'Raiders gläichen aus, d'Seahawks ginn nees a Féierung  an d'Raiders gläichen nees aus. Esou goung et mat 34:34 an d'Overtime. D'Raiders haten de Ball an hunn hire Fieldgoal verschoss an d'Seahawks hu gepunt. D'Raiders hunn dono mat engem eenzege Spillzuch, engem Laf vum Jacobs iwwer 86 Yards, de Match decidéiert.

Am Spéitmatch hunn d'Eagles, déi bis elo just ee Match verluer hunn, d'Packers empfaangen, bei deenen aktuell net alles esou leeft, wéi geplangt. Greenbay war nom éischte Véierel nach knapp mat 14:13 a Féierung, huet awer virun der Paus missten d'Féierung un d'Eagles ofginn, dat nodeem si just sechs Punkte hikruten an der awer 14 kasséiert hunn, esou stoung et 27:20 fir Philadelphia. Si hunn am drëtte Véierel hiren Avantage nach op 34:23 ausgebaut, esou datt de Packers déi 10 Punkten, déi si an de leschte 15 Minutten hikruten, net duergaange sinn, fir iwwerhaapt drunzekommen. Well d'Eagles och hei 6 Punkten op d'Tafel kruten, ass de Match dunn aus hirer Siicht 40:33 ausgaangen.

Werfe mer e kuerze Bléck op d'Playoffs: An der AFC wieren aktuell d'Chiefs (9:2) als 1. qualifizéiert, dohannert kéimen d'Dolphins (8:3), d'Titans, d'Ravens (béid 7:4) als éischte vun hirer Division an dann och nach d'Bills (8:3), d'Bengals (7:4) an d'Jets (7:4) als déi beschten net Spëtzenekippen an hiren Divisiounen. Ma och d'Patriots an d'Chargers (béid 6:5) sinn aktuell nach gutt dobäi. An der NFC sinn d'Toppekippen an hiren Divisiounen d'Eagles (10:1), d'Vikings (9:2), d'49ers (7:4) an d'Buccaneers (5:6) an den Top 4. Dohannert wieren d'Cowboys (8:3), d'Giants (7:4) an d'Commanders (7:5) qualifizéiert. Gutt Chancen hunn och nach d'Seahawks (6:5 an hannert de 49ers) an d'Falcons (5:7 an hannert de Buccaneers).

D'Resultater am Iwwerbléck