Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No 27 Joer als Wämper Buergermeeschter: Henri Rinnen geet net mat an d'Gemengewalen

An de Majorzgemenge preparéiere sech d'Walen. Sou och un der Nordspëtzt zu Wäiswampech, wou den aktuelle Buergermeeschter Henri Rinnen net an d'Wale geet.

Wärend 27 Joer war de Politiker un der Spëtzt vun der Séi-Gemeng a wärend bal 4 Joerzéngten an der Lokalpolitik aktiv. Bei de leschte Wale war den Henri Rinnen de Véiertgewielten.

D'Wale wäerten d'nächst Joer fir e gréissere politesche Wiessel zu Wäiswampech suergen, well och déi zwee Schäffen Norbert Morn a Jos Vesque net méi kandidéiere wäerten.

Dat selwecht gëllt fir d'Wämper Conseillere Marie-Paule Johanns-Hamer an Anita Faber.

D'Gemeng huet mouvementéiert Zäiten hannert sech, notamment mat engem Referendum iwwer d'Zukunft vum Site ëm de Wämper Séi. An der Suite dovunner hat ënner anerem den zweete Schäffe Michel Deckenbrunnen - ëmmerhin den Éischtgewielten 2017 - demissionéiert.