Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No 30 Covid-Gesetzer: Déi lescht Covid-Restriktioune ginn elo och gestrach

Den entspriechende Gesetzestext gouf en Donneschdeg de Mëtteg unanime an der Chamber gestëmmt.

De Rapporter Mars Di Bartolomeo huet betount, datt an de leschten 3 Joer 30 där Covid-Gesetzer um Krautmaart gestëmmt goufen a widderholl, datt mat dësem Text d’Masken- an d’Isolatiounsflicht ewech falen.

Den LSAP Politiker, ma och soss Deputéiert hunn awer ënnerstrach, datt d’Leit, wa se wëllen, natierlech nach ëmmer dierfen eng Mask undoen, an datt et och a Spideeler a Fleegestrukture weider gëllt virsiichteg ze sinn.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet iwwerdeems op déi schwiereg Zäit an de leschten 3 Joer zréck gekuckt a sech erliichtert gewisen, datt mer haut do sti wou mer stinn. Och wann de Virus zwar nach zirkuléiere géif, wieren déi schlëmm Fäll extrem rar an de Gesondheetssystem net méi iwwerlaascht.