Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Annonce vu Putin: Et gouf Demonstratiounen an op d’mannst 38 russesche Stied

Iwwer 1’300 Mënsche goufe festgeholl. Et sinn déi gréisst Protester a Russland zanter dem Ufank vum Krich Enn Februar.

De Krich ass a Russland nees an d’Bewosstsinn vun de Leit geréckelt. De Wladimir Putin huet e Mëttwoch eng «Deel-Mobiliséierung» annoncéiert, 300.000 Reservisten sollen no an no agezu ginn.

D’Demande no Flich an d’Ausland ass doropshin enorm an d’Luucht gaangen an a ville Stied ass protestéiert ginn.

Et gouf Demonstratiounen an op d’mannst 38 russesche Stied. Iwwer 1’300 Mënsche goufe festgeholl. Et sinn déi gréisst Protester a Russland zanter dem Ufank vum Krich Enn Februar.

E Mëttwoch wollten och ganz vill Leit d’Land verloossen. All Direktvollen a Länner, wou ee kee Visa brauch, waren ausgebucht.

Ob d’Regierung d’Grenze fir déi zoumécht, déi aberuff ginn, ass onkloer. Et ginn awer éischt Berichter, datt Männer d’Ausrees refuséiert kruten.

Bis zu 10 Joer Prisong riskéiert een, wann een d’Militärflicht refuséiert.