Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Attacken am Oste vu Jerusalem: Israel wëll méi haart géint Familljemember vun Attentäter virgoen

Donieft wëll Israel et den Ziviliste méi einfach maachen, fir e Waffeschäin ze maachen an u Waffen ze kommen.

No zwou palestinenseschen Attacken am Osten vu Jerusalem, huet déi israeelesch Regierung annoncéiert, méi haart géint Familljemembere vun Attentäter virzegoen. An der Nuecht huet de Sécherheetscabinet annoncéiert "Famillje vun Terroristen, déi den Terrorismus ënnerstëtzen" géifen d'Sozialhëllef gestrach kréien an hir Haiser géifen zerstéiert ginn.

Ziviliste sollen donieft méi einfach e Waffeschäin kënne maachen. Wann Ziviliste Waffen hunn, kënne si sech verdeedegen, sou d'Argument vum rietsextreme Minister fir déi bannenzeg Sécherheet Itamar Ben Gvir.

D'Regierung wëll donieft driwwer beroden, fir de Concernéierte kënnen hiren israeelesche Pass ewechzehuelen.

E Freideg den Owend waren an enger bluddeger Attack op eng Synagog zu Ost-Jerusalem 7 Mënschen erschoss ginn. E Samschdeg de Moien huet donieft e Palestinenser vun 13 Joer an der Géigend vun der Alstad ronderëm sech geschoss an zwee Israeelie blesséiert.

Fir d'Forces de l'ordre gëllt den Ament déi héchst Alert. D'Arméi huet annoncéiert, hir Truppen am Westjordanland ze verstäerken. An der Gazasträif an dem Westjordanland hu Palestinenser d'Attack vun e Freideg gefeiert.