Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Ausschreidungen zu Nice: Prisongsstrofen op Sursis fir zwee Köln-Fans

Um Dënschde Moie sinn um Kölner Amtsgeriicht zwou Persounen, déi un de Krawallen zu Nice bedeelegt waren, zu Prisongsstrofen op Sursis verurteelt ginn.

En 30 Joer ale Kölner ass wéinst "Landfriedensbruch" mat versichter geféierlecher Kierperverletzung a Verstouss géint d'Waffegesetz zu zwee Joer Prisong op Sursis verurteelt ginn. Säin 32 Joer ale Kolleeg krut wéinst änleche Virwërf ee Joer Prisong op Sursis. De Prozess hat schonns d'lescht Woch ugefaangen.

Am Virfeld vum "Europa Conference League"-Match am September tëscht dem OGC Nice an dem 1. FC Köln gouf et schwéier Ausernanersetzungen tëscht de rivaliséierende Fangruppéierungen. De Match stoung laang op der Kipp a gouf dunn eréischt eng Stonn méi spéit ugepaff. Méi wéi 40 Leit goufe blesséiert, dorënner och néng Polizisten.

Besonnesch beim 30 Joer ale Mann war et net evident, datt en eng Strof op Sursis géing kréien. Obwuel hie schonns wéinst engem Gewaltdelikt op Sursis war, hat hien en Bengalo a Richtung vun de Supporter vu Nice geheit. Ma säi Geständnis, seng véier Méint an Untersuchungshaft, wéinst där hien d'Gebuert vu sengem éischte Kand verpasst huet, a seng fräiwëlleg Participatioun un engem Anti-Aggressiounstraining huet de Riichter him ugerechent.

Nodeems den 32 Joer alen Ugeklote versprach hat sech vun der Ultra-Zeen ze distanzéieren a sot hien hätt säi Feeler agesinn, wier eng Strof op Sursis déi eenzeg richteg Entscheedung gewiescht, esou de Virsëtzende vum Geriicht.

D'Urteel ass nach net rechtskräfteg. Géint d'Entscheedung kann nach e Recours ugemellt ginn.