Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Aussoe géint Jonk Gréng: Gemengerotsmember Josy Hames soll CSV verloossen

De 70 Joer ale Politiker wéilt iwwerdeems als Independant am Käerjenger Gemengerot bleiwen. Dat mellt déi frankophon Redaktioun vum Wort.

Dem Lëtzebuerger Wort no verléisst en Gemengerotsmember vu Käerjeng, dee wéinst Äusserunge géint Déi Jonk Gréng an der Kritik steet, seng Partei d‘CSV.

Nach dës Woch géif de Josy Hames e Bréif mat senger Demissioun un d‘Partei schécken, wéi hien der frankophoner Redaktioun vum Wort soll gesot hunn. De 70 Joer ale Politiker wéilt iwwerdeems als Independant am Käerjenger Gemengerot bleiwen.

D‘Zeitung mellt, de Josy Hames hätt fir weider Detailer iwwer seng Zukunft op eng Pressekonferenz den 28. September op 25, Rue Notre-Dame an der Stad verwisen. Op dëser Adress huet d‘Fraktioun vun der ADR hire Büro.

Den CSV-Gemengerot gouf vu méi Säite ferm kritiséiert well hien Déi Jonk Gréng ënnert engem Artikel vun Eldoradio op de soziale Reseauen als „gréng Terroristen“ a „Wouschtbéck“ bezeechent hat.