Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Bedenke wéinst Maniffen a Frankräich: Staatsvisitt vum Kinnek Charles III. zu Paräis verréckelt

Vum 26. bis 29. Mäerz sollt de brittesche Kinnek Charles III. eng éischte Kéier zanter hien um Troun ass fir eng Staatsvisitt zu Paräis sinn.

Wéi den Elysée e Freideg confirméiert huet, gouf dës Visitt wéinst de jéngste brutale Manifestatioune a Frankräich rapportéiert. Donieft gouf fir den 28. Mäerz en neien nationalen Aktiounsdag géint déi ëmstridde Rentereform annoncéiert, also genee deen Zäitraum, wou de Kinnek Charles III. a Frankräich wier.

Et sollt déi éischt Auslandsvisitt vum Monarch sinn.

Schonn am Virfeld vum annoncéierte Protest-Dag gouf sech am Buckingham Palace Gedanke gemaach, ob eng Rees a Frankräich aktuell net ze bedenklech wier. E Freideg de Moien hätte sech de franséische President Macron an de Charles III. iwwer Telefon ausgetosch. Wéi den Elysée nach präziséiert, wéilt een de royale Besuch ënner bessere Konditiounen empfänken.

En neien Datum gouf net genannt.