© AFP
D'Spezialunitéit vun der Police zu Memphis ass nom déidlechen Asaz géint de Schwaarzen Tyre Nichols elo opgeléist ginn.
De Fall suergt zanter Wochen fir Opreegung an den USA. E Freideg ass de Video vum Asaz verëffentlecht ginn, op deem ze gesinn ass, wéi d'Polizisten den Autosfuerer brutal schloen a mat Féiss rennen, wärend de Mann vun 29 Joer um Buedem läit. Hien ass dräi Deeg duerno gestuerwen.
Déi 5 Beamten, déi wéi d'Affer schwaarz sinn, goufe festgeholl an ënnert anerem wéinst Mord ugeklot. Si hunn all zu der Spezialunitéit gehéiert, déi elo opgeléist gouf.