Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Doudegen a Stadion an Indonesien: President Joko Widodo versprécht Kompensatioune fir Famille vun Affer

Bei enger Massepanik sinn de Weekend 120 Leit gestuerwen a méi wéi 320 Mënsche goufe blesséiert.

Nodeems de Weekend et an engem Futtballstadion an Indonesien zu Gewalt an enger Massepanik mat déidleche Konsequenze koum, huet de President Joko Widodo elo Kompensatioune fir d'Famille vun den Affer versprach. Fir all Affer géinge 50 Milliounen Rupiah, ëmgerechent 3.200 Dollar, gespent ginn, dat an den nächsten 2 Deeg. 125 Mënsche si beim Tëschefall ëm d'Liewe komm, dorënner 32 Kanner.

Dat jéngste Kand hätt 3 oder 4 Joer gehat, huet den zoustännege Ministère e Méindeg bekannt gemaach. D'Regierung huet d'Police opgefuerdert, déi Verantwortlech ze fannen an zur Rechenschaft ze zéien. Et géing een och hoffen, datt d'Police hir Sécherheetsprozedur iwwerpréiwe wäert. Nom Match a Samschdeg den Owend ware Supporter vun der Ekipp déi verluer huet op den Terrain gestiermt.

Beim Versuch si zréck ze drécken, wieren 2 Polizisten ëm d'Liewe komm, wouropshin d'Police Tréinegas an d'Leit geschoss huet. Dee Moment gouf wuel d'Massepanik ausgeléist, bei där iwwer 120 Leit gestuerwen a méi wéi 320 Mënsche blesséiert goufen.