Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No ëmstriddenen Aussoen: Gemengeconseiller Josy Hames dréit der CSV de Réck

A verschiddene Posts hat hie rezent déi jonk Gréng als "Wouschtbéck" an als "gréng Terroristen" bezeechent.

"Mir konnten net anescht", esou de Frank Pirrotte, President vun der CSV Käerjeng. Well sech den CSV-Gemengeconseiller vu Käerjeng Josy Hames net formell bei der Grénger Partei fir seng Aussoen an de soziale Medie wollt entschëllegen, gouf hien aus  der CSV-Fraktioun am Gemengerot zu Käerjeng erausgehäit.

Et géing ee bedaueren, dass een dës Entscheedung hätt missen treffen. Well de Josy Hames awer net hätt wëlle kooperéieren, hätten déi sechs Conseillere vun der CSV keen anere Choix gehat. D'Kommentaren, déi de Josy Hames an de soziale Reseaue publizéiert huet, wiere fir d'CSV-Fraktioun net drobar. Fir seng Partei fäert de Frank Pirrotte keng negativ Auswierkunge wéinst der Affär.

RTL

© RTL-Archiv

"Mir mengen net, dass dat e gréisseren Impakt wäert hunn. Mir hu probéiert, déi Saach kloerzestellen. Mir wollten dem Här Hames d'Hand reechen, den Här Hames huet dat refuséiert. Fir eis ass dann elo dat Thema Hames/CSV-Sektioun Käerjeng klasséiert. Wéi gesot, ech hat virun e puer Wochen e Gespréich mam Här Hames, fir ze froen, wéi et ausgesäit fir d'Gemengewale vum nächste Joer. Wou den Här Hames mir bestätegt huet, hie géing net méi wëlle matgoen."

Bis d'Gemengewalen am Juni d'nächst Joer wëll de Josy Hames als Independant bleiwen, dat huet hien och dem President vun der CSV Käerjeng bestätegt.

Op Nofro hi sot eis de Josy Hames, hie wéilt der CSV de Réck kéieren. Dass hien der ADR wéilt bäitrieden, huet hien net confirméiert, just dass hien "a Gespréicher wier". Op Nofro bei der ADR sot de Parteipresident Fred Keup, et géing een "au moment venu" kommunizéieren.