Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No ëmstriddenen Aussoen: Josy Hames no Ausschloss aus CSV elo Member bei der adr

RTL

© RTL Archivbild

De Josy Hames war wéinst Aussoe géint déi Jonk Gréng op de soziale Medien a Kritik geroden.

De Käerjenger Gemengeconseiller Josy Hames ass no sengem Ausschloss aus der CSV-Fraktioun am Gemengerot elo Member bei der adr ginn. Dat sot den adr-Politiker Fernand Kartheiser e Freideg de Moie bei de Kolleege vum ëffentlech-rechtleche Radio 100,7.

De Josy Hames war wéinst Aussoe géint déi Jonk Gréng op de soziale Medien a Kritik geroden. Well hie sech net wollt bei der grénger Partei entschëllegen, déi zu Käerjeng an enger Koalitioun mat der CSV ass, huet d'Fraktioun hien ausgeschloss. De Josy Hames hat schonn annoncéiert, datt hien der CSV elo wéilt de Réck dréinen.