Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Entdeckung vu Läich zu Mont-Saint-Martin: Videoe vun entstallter Fra op soziale Medien, Strofprozedur leeft

Nëmmen e puer Stonnen nodeems déi zerstéckelt Läich vun enger jonker Fra direkt iwwert der Grenz a Frankräich fonnt gouf, ass de Video opgedaucht.

Déi zoustänneg Autoritéiten hunn dann och elo eng penal Prozedur wéinst "Diffusion d'un crime portant atteinte à la dignité de la victime" an d'Weeër geleet. Am Video ass de wuel den entstallte Fraekierper ze gesinn, am Hannergrond héiert ee Leit, déi sech wuel nach iwwert dës fuerchtbar Decouverte amuséieren. Jugendlecher hate jo d'Läich entdeckt an doropshin d'Police alarméiert.

D'Opnamen, déi och elo zu Lëtzebuerg am Ëmlaf sinn, sollen als éischt op enger securiséierter App an dono iwwert oppe Plattforme wéi Snapchat oder Whatsapp zirkuléiert sinn. D'Gemeng vu Mont-Saint-Martin huet dunn, wéi dëst opgefall ass, dëst un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet. Esou soll natierlech Diffusioun vun dëse Biller ënnerbonnen, an déi Schëlleg identifizéiert ginn. Hei kéinten et sensibel Strofe vu bis zu 15.000 Euro ginn.

E Méindeg gouf déi entstallte Fraeläich zu Mont-Saint-Martin entdeckt, et geet e kloer vun engem Gewaltverbriechen aus. D'Identitéit vun der Fra ass nach net gekläert, eventuell Täter oder Piste ginn et nach keng.

Weider Opreegung gëtt et dann nach op de soziale Medien, well Rumeure verstreet ginn, dass et sech hei ëm e Seriemäerder kéint handelen, deen an der Regioun "Creutzwald" säin Onwiese géif dreiwen. Dëst well jo net wäit ewech e leschten Donneschdeg eng Männerläich ouni Kapp fonnt gouf. D'Gendarmerie ënnersträich awer, dass et heivir keng Unzeechen am Moment géife ginn an dass et reng Rumeure sinn.