Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Etüd iwwer Staatsgehälter: CGFP: wëll de Marc Hansen eng Näid-Debatt?

D'CGFP léisst sech net vun hirem Cours ofbréngen, erkläert d'Staatsbeamtegewerkschaft no der publizéierter Etüd iwwert d'Paie vu Staatsbeamten.

An engem Communiqué kritiséiert d'CGFP de Minister fir d'Fonction publique, de Marc Hansen, schaarf, well deen d'lescht Woch eng Etüd iwwert d'Gehälter an der Fonction publique publizéiert huet. Den Inhalt vun der Etüd iwwerrascht d'CGFP net, well d'Gehälter beim Staat transparent wieren. Iwwerrascht ass se awer iwwert den Zäitpunkt vun der Publikatioun, well Verhandlungen iwwert en neie Gehälteraccord nämlech imminent sinn. De Marc Hansen hat d'lescht Woch hei op RTL gesot, d'Etüd gouf 2011 décidéiert a wier eben elo fäerdeg gewierscht.

D'Gewerkschaft freet sech, ob de Marc Hansen esou eng Näid-Debatt tëscht dem ëffentlechen a private Secteur provozéiere wollt, fir esou Drock op d'CGFP ze maachen. Dës fuerdert jo eng Punktwäert Erhéijung, well et keng méi zanter 5 Joer gouf. Dës "Pick" vum DP-Minister wier de krasse Géigendeel vun engem iwwerfällege Merci fir dat onermiddlecht Personal an der Fonction publique, sou d'CGFP. D'Gewerkschaft betount, datt et och iwwerhaapt keng Studien iwwert d'Gehälter am Private géing ginn, fir e faire Verglach ze maachen.

De Marc Hansen hat selwer d'lescht Woch hei op RTL deklaréiert, d'Staatsbeamten misste "korrekt" bezuelt ginn an dat wier och aktuell de Fall. Ugeschwat op méi niddreg Karriären hat hie geäntwert, et misst een d'Verhandlungen ëm en neie Gehälteraccord an den aktuelle schwieregen Zäiten "kreativ" ugoen. D'CGFP notéiert aus dem Interview hei op der Antenn, datt de Minister zouginn huet, datt d'Resultater vun der Etüd duerch d'Iwwerstonne beaflosst wieren. Dat géing keng "Geldgier" vun de Beamten duerstellen, mee éischter e grave Personalmanktem erëmspigelen.

Aus der Etüd vum Ministère geet ervir, datt Beamten am Duerchschnëtt 8.688 Euro Brutto de Mount verdéngen (mam 13. Mount, mee ouni aner Accessoiren). Besonnesch d’A1- an A2-Karriären zéien d’Moyenne erop. Bei enger C1 ass een zum Beispill bei 5.758 Euro. Déi ganz Etüd fannt Dir hei.