Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Extensioun vun erlaabte Materialien: Quantitéit vu gesammeltem Offall a Valorlux-Tuten e gutt Stéck eropgaangen

D'Valorlux-Responsabel zéien e positive Bilan, nodeem an de bloen Tute méi Zorte vun Ofall kënne gesammelt ginn, wéi Plastiksbecheren oder och Dëppercher.

Sou ass zanter dëser Extensioun vun de Materialien, déi kënne recycléiert ginn, d'Quantitéit vu gesammeltem Offall vun 9.000 op bal 13.000 Tonnen eropgaangen. Parallel ass am selwechte Joer och d'Quantitéit vu Verpackungs-Material, dat op de Maart koum op bal 19.000 Tonne geklommen - dëst gëllt fir Plastik- a Metallverpackunge grad wéi Gedrénks-Kartongen.

85% vum Gewiicht vun dëse Verpackunge konnt deemno an de bloen Tute gesammelt an dem Recylings-Prozess zou gefouert ginn - eng Hausse vu 7 Punkten.

Et bleiwen natierlech nach ëmmer Zorte Verpackungen, déi net kënne recycléiert ginn - dat gëllt fir all zéngten Emballage. Dës Reschter gi geholl, fir Hëtzt ze produzéieren.

D'duerchsiichteg PET-Verpackunge fir Liewensmëttel bleiwe weiderhin e Problem beim Recycléieren - och Chips- a Kaffistute kënne bis op Weideres net recycléiert ginn - sou datt si net fir d'Valorlux-Tute bestëmmt sinn.