Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Feeler bei Frankfurter Universitéit: Medezinsstudente kréien eng zweet Chance

Nodeem d'Frankfurter Uni knapp 300 Kandidate fir e Medezinstudium zougelooss huet, fir hinnen nees ofzesoen, kréien d'Kandidaten elo erëm eng Chance.

Enn August huet d'Goethe-Universitéit zu Frankfurt 282 Admissioune fir de Medezin- Zännmedezin-Studium missen zréckhuelen. Grond dofir war en technesche Feeler bei der Iwwerdroung vun der Online-Demande, soudatt d'Uni méi Studenten ugeholl huet, wéi eigentlech Plazen zur Verfügung stoungen. Doduerch, datt dës 282 Studente schonn ugeholl goufen, konnte si net méi op anere Plazen ugeholl ginn, an nom technesche Feeler vun der Uni Frankfurt ouni Studieplaz dostoungen.

D'Universitéit huet elo e Programm op d'Been gestallt, bei deenen d'Studenten, wa se da wëllen, op Universitéiten an den Nopeschregioune verdeelt ginn, do ouni Oplagen ugeholl ginn an hirem Studium nogoe kënnen. Doriwwer eraus huet d'Uni an d'Weeër geleet, datt d'Studenten, déi keng aner Plaz fonnt hunn an nach ëmmer um Studium interesséiert sinn, noréckelen an dann trotzdeem zu Frankfurt Medezin studéiere kënnen.

Allerdéngs ass, esou betount den Enrico Schleiff de President vun der Uni, dëse Programm extrem komplex an net onbedéngt séier, soudatt et nach e bëssen dauere kéint, bis datt jiddereen a säin neie Liewenswee starte kéint a mam Studium ufänke kéint. Dobäi preziséiert hien, datt awer fir all spezifesche Fall eng Léisung fonnt wäert ginn.