Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Hurrikane Ian: Biden besicht betraffe Regiounen a Florida, Neiopbau kéint Joren daueren

RTL

Den US-President Joe Biden iwwerflitt mat der "Marine One" a begleet vu weideren Helikopter déi betraffe Regiounen a Florida. / © AFP

Déi leschte Woch hat de Stuerm Florida schwéier getraff. Bis ewell zielt een op d'mannst 80 Doudesaffer an d'Sich no Vermësste geet weider.

Den amerikanesche President Joe Biden huet nom Hurrikane virun enger Woch Florida besicht. Den Neiopbau kéint Joren daueren. D’Situatioun ass wäit ewech vun der Normalitéit, d'Opraumaarbechte gi weider.

Haiser goufen zerstéiert a ganz Stroosse mat ewech gespullt. D’Insel Sanibel Island viru Fort Myers ass sou schwéier betraff, datt ongewëss ass, wéini nees do ee ka wunnen.