Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Iwwerfall an der Stad: Police hëlt 3 Verdächteger fest

RTL

No engem Iwwerfall um Boulevard Franlin D. Roosevelt an der Stad duerch deelweis mannerjäreg Täter, konnt d'Police en Dënschdeg 3 Verdächteger festhuelen.

Géint 17 Auer hat sech eng Persoun bei der Police gemellt, nodeems si an hir zwee Begleeder vun engem klenge Grupp vu jonke Leit iwwerfall an opgefuerdert goufen, hir Wäertgéigestänn auszehännegen.

D'Police konnt kuerz duerno dräi Verdächteger untreffen an déi geklaute Géigestänn sécherstellen. Op Uerder vum Parquet goufen zwee mannerjäreg Verdächteg an d'Erzéiungs-Anstalt zu Buerglënster a Schraasseg bruecht. Den drëtten, volljärege Verdächtege koum virun den Untersuchungsriichter a gouf op Suessem an den Ueschterhaff iwwermëttelt.