Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No laange Méint vun Debatten an Diskussiounen: Klima-Biergerrot huet via Vott den Ofschloss-Rapport majoritär ugeholl

No laange Méint vun Debatten an honnerte Stonne laangen Diskussiounen huet de Klima-Biergerrot via Vott den Ofschloss-Rapport majoritär ugeholl.

U sech sollten dës Aarbechten ewell am Juli ofgeschloss sinn, mat engem gewësse Retard ass dat also lo geschitt.

Vun den 91 Memberen hunn der 63 beim Vott matgemaach, wat e Participatiouns-Taux vun 69% ausmécht, nodeem eng Dose Memberen dem Biergerrot de Réck gedréint haten.

De Klima-Biergerrot hat e representativen Echantillon vu bal 100 Leit regroupéiert, déi iwwer den aktuellen Engagement vu Lëtzebuerg am Kampf géint de Klimawandel beroden an eventuell zousätzlech Moossnamen oder Proposen ausgeschafft hunn.

En Donneschdeg kréien d'Ministere Bettel, Turmes a Welfring vun de 15 Porte-parolle vum Biergerrot d'Resultater vun den Aarbechte virgestallt, duerno ass och eng Pressekonferenz virgesinn, wou och d'Uni.lu vertrueden ass.

D'Virschléi vum Klima-Biergerrot ginn Ugangs Oktober an de Chamberkommissioune presentéiert a sollen an der Suite dovun och an déi nächst Versioun vum Plan national intégré en matière d’énergie et de climat (PNEC) afléissen.

Eng Consultatiounsdebatt ass dann Enn Oktober an der Chamber.