Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No trageschem Accident an Holland: Camionschauffer soll wuel virum déidlechen Accident Kokain consomméiert hunn

Dëst huet d'Appellsgeriicht e Freideg an engem Schreiwes matgedeelt. De Mann misst, obscho géint hien ermëttelt gëtt, net an Untersuchungshaft bleiwen.

Nodeems Enn August e Camion an der Géigend vu Rotterdam an Holland an en Noperschaftsgrillfest gerannt war a sechs Mënschen ëm d'Liewe komm waren a siwe Mënsche blesséiert gi waren, sinn nei Detailer vum Parquet iwwert den Tëschefall verëffentlecht ginn.

Esou deelt de Parquet mat, datt et de Verdacht gëtt, datt de Mann, deen zu Nieuw-Beijerland mat sengem Gefier accidentéiert ass, virum Ongléck Kokain consomméiert huet. De 45 Joer ale Spuenier, dee kuerz no der Dot festgeholl ginn ass, gouf duerno awer nees fräigelooss a sëtzt den Ament net an Untersuchungshaft. Dëst allerdéngs ënner strengen Oplagen. Esou dierf de Mann tëscht Spuenien an Holland verkéieren, allerdéngs muss hie bei den Ermëttlunge kooperéieren, de Mann dierf keen Auto fueren an hie muss souwuel den hollänneschen, wéi och de spuenesche Beamten direkt Bescheed soen, wann hie seng Adress wiessele sollt.

Sollt sech de Verdacht confirméieren, datt de Mann Droge virum Accident consomméiert hätt, da kéint dës eng laang Prisongsstrof mat sech bréngen.