© Julie SEBADELHA / AFP
No der Medezin, der Physik an der Chimie gouf en Donneschdeg de véierte wëssenschaftlechen Nobelpräis annoncéiert.
De Literaturnobelpräis geet dëst Joer un déi franséisch Schrëftstellerin Annie Ernaux. Dat huet déi zoustänneg schwedesch Akademie en Donneschdeg matgedeelt.
Déi franséisch Schrëftstellerin ass bekannt ënnert anerem fir hir gréisstendeels autobiographesch Wierker, an deene si sech mat gesellschaftlechen Ongläichheeten ausernee sëtzt.
Si géing ausgezeechent gi fir hire Courage an hir klinesch schaarf Aart a Weis d'Wuerzelen, d'Entfriemung an d'gemeinsam Contrainte vun der perséinlecher Memoire z'entdecken.