© pressphoto (Archiv)
E Méindeg war d'Generalversammlung vun der Jeunesse Esch, an där en neie Comité souwéi en neie President gewielt gouf.
Op dëser Generalversammlung gouf de fréiere President vum COSL, de Marc Theisen, un d'Spëtzt vum Veräin gewielt. De 67 Joer ale Marc Theisen gëtt domadder den Nofollger vum Griich Manthos Poulinakis. Dësen hat de Lëtzebuerger Rekordchampion am Mee 2022 verlooss.
De Marc Theisen huet beim Rekordchampion vill Aarbecht viru sech. D'Jeunesse Esch steet den Ament an der BGL Ligue no 7 Spilldeeg op der 14. Plaz an der Tabell an huet 6 Punkten um Kont.