Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Nohalteg" Atomenergie a Gas: Energieministere präziséiert: Positioun zu Taxonomie huet sech net geännert

RTL

© AFP

Lëtzebuerg géif weider, wéi et ëmmer gesot gouf, eng éisträichesch Plainte géint d'EU-Decisioun ënnerstëtzen, heescht et aus dem zoustännege Ministère.

Atomenergie a Gas als "nohalteg" agestuuft - dës Decisioun vun der EU-Kommissioun hat fir vill Kritik gesuergt, Lëtzebuerg hat och iwwer juristesch Schrëtt geschwat.

Wéi Reporter.lu awer e Freideg schreift, huet d'Regierung decidéiert, net géint déi sougenannten Taxonomie ze kloen. Vum Energieministère koum kuerz drop d'Prezisioun, datt ee seng Positioun vun Ufank un an zu kengem Moment verännert hätt a weider wéilt Éisträich ënnerstëtzen, sollt dee Memberstaat eng Klo beim Europäesche Geriichtshaff areechen.