Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nohalteg Initiativ zu Esch: Gratis Geschier ausléinen: Gutt fir d'Ëmwelt an de Portmonni

Wéi dacks koum är Buermaschinn oder soss Aarbechtsgeschier an den Asaz?

Bei net wéinege kann een dat wuel op zwou oder souguer just op enger Hand opzielen. Vill Leit sinn iwwerequipéiert, dat geet och aus enger franséischer Etüd ervir, déi d'Ademe, d'Agence de l'Environnement et de la maîtrise de l'Energie, realiséiert huet. Duerchschnëttlech gëtt eng Buermaschinn zum Beispill just 12 Minutten an hirer kompletter Liewensdauer benotzt. Fir de Rescht fänkt se Stëbs a fëllt den Tirang, nohalteg ass dat net.

Dëst war dann och den Ustouss, datt d'Ëmweltberodung zesumme mam Facilitec, engem participativen Atelier zu Esch, elo de Projet "Gutt Geschier" ulafe gelooss huet. Vun der Buermaschinn iwwert Hummer, Tournevis oder Stéchsee, bei hinne kann een d'Geschier léinen an dat gratis 7 Deeg laang, d'Reservatioun leeft online. D'Geschier selwer ass net nei, awer nach tiptop an der Rei a kënnt ënnert anerem aus dem Recycling-Center, wou Leit et ofginn hunn, déi dëst dacks selwer (a wuel scho laang) net méi benotzt hunn. D’Initiativ as dann och ganz am Sënn vun der Kreeslaf-Ekonomie, wou Ressourcen op deem Wee agespuert kënne ginn, an et ass och solidaresch. De Projet kéint och nach an anere Gemengen ausgebaut ginn.

Weider Infoen op www.guttgeschier.lu.