
Am Nord-Oste vu Frankräich suergt d’Verschwanne vun engem 15-Joer-jonke Meedche fir Opreegung.
D’Police vu Stroossbuerg an d’Gendarmerie vum Bas-Rhin hunn eng Enquête opgemaach, wéinst enger, wéi et heescht "beonrouegender Disparitioun".
D’Meedche wollt e Samschdeg den Zuch aus sengem Duerf a Richtung Stroossbuerg huelen, fir do Frënn ze treffen. Et wier awer ni op der Gare ukomm. Zanterhier feelt vum Meedchen all Spuer.
D’Police freet no Zeien, an huet och e Méindeg schonns ronderëm d’Duerf wou et wunnt, mat Helikopteren an Dronen , wéi och mat Leit um Buedem gesicht.