Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nordkorea: Fir d'véierte Kéier bannent e puer Deeg goufen nees Rakéiten ofgeschoss

RTL

Kim Jong Un / © AFP

Nieft Südkorea huet och Japan den Ofschoss vun de Rakéite bestätegt.

Nordkorea huet fir d'véierte Kéier an Zäit vun nëmmen e puer Deeg Rakéiten ofgeschoss. E Samschdeg de Moie Lokalzäit wieren zwou Kuerzstreckerakéiten identifizéiert ginn, heescht et vun der Arméi.

Südkorea schwätzt vun enger "eeschter Provokatioun" an huet erkläert, d'Arméi wier an enker Ofstëmmung mat den USA an héchster Alarmbereetschaft.

Nieft Südkorea huet och Japan den Ofschoss vun de Rakéite confirméiert. Nordkorea hätt seng Departe vu Rakéiten an engem Tempo widderholl, deen et bis elo nach ni ginn hätt, sou de stellvertriedende Verdeedegungsminister aus Japan Toshiro Ino.